E poor Wiëder zu Manipura Filid
Manipura Filid guf 1994 vuan e poor Leit ous de Veiner Jungsodalen an de Veiner Guiden gegrënnt. Nodems mer öfters op éise Lagerfeieren an am Jugendlokal geprouft haten, war den Ouslieser, den traurigen an unerwoorten Dud vun éisen Kolleg de Gillen Jang an engem Autosaccident,. Den Här Dechen René Feltes, deen an seiner Funktiun als Aumonier vuan den Jungsodalen mat krit hat, dat mir Musik machen giefen, hot iis deemols virgeschloen dem Jang eng Mass ze spillen.
Dem Jang séin Dud dën 9. Juli 1994 hot ganz vill Leit traurig gemach: sein Famill virun allem, mä och sein Kollegen a Kolleginnen.
Séin Dud hat iis vereenert an éis Zukunft fir ëmmer geprägt.
Dat dunn dës Mass, den 17.September 1994 su e “succès“ gief gin, hat kee gedoocht, a bestëmmt noch winniger, dat mer 20 Joor dorno noch ëmmer Massen giefen spillen.„Rockmassen“ haten mer während dänen 20 Jooren zwar net mi su oft om Programm wi amUfank, dofir awer iwert 80 Huchzéitsmassen, eng härd Firmungsmassen, e poor Dudesmassen an séit 3 Joor och d‘Pélés-Mass an der Kathedral.
Manipura bestät haut ous 9 Sänger (innen) an Musikanten.
Vocals an Leedung: Stephan Spinelli
Vocals: Carole Leonardy
Batterie: Müller Philipe
Flute an Vocals: Diane Scheidweiler
Keybord: Gilberto Da Costa
Guitar: Ricky Walisch
Vocals an Technik: Heng Schammel
Guitar an Bass Guitar: Daniel Maillard
Vocals: Charlene Clemens
Manipura Filid September 2014